Entwécklung vum Antisemitismus zu Lëtzebuerg

04. Jul 2019 – 07:20

An der éischter Hallschent vun dësem Joer huet d’asbl. Recherche et information sur l’antisémitisme au Luxembourg méi Fäll vun Antisemitismus hei am Land gezielt, wéi fir dat ganzt Joer 2018. Dat huet de Bernard Gottlieb vun der asbl. RIAL am 100,7-Interview gesot. Hie fuerdert e verstäerkte Kampf géint Antisemitismus a méi e gezielt Entgéintwierken.

An der Chamber gëtt de Moment un engem Text zum Thema geschafft, dee vun alle politesche Säite kéint ënnerstëtzt ginn. Fir d’Virbereedung vun der geplangter Motioun waren d’Vertrieder vum Consistoire israélite a vum RIAL an d’Chamberkommissioun invitéiert ginn.

Lauschteren